Eng Äerd Logo

ENG ÄERD

Note d’intention

De 15. Mäerz 2019 hu mer fir ENG ÄERD deen éischte Lëtzebuerger Klimastreik gefilmt. Et war den Ufank vun enger Verännerung am Denken a Fille vun der Gesellschaft, mat där mer net gerechent haten an déi och en Impakt op eis Aarbecht hat.

Am Dréibuch war dee Moment nach virgesinn, dass eise Film déi aktuell ökologesch Problemer op d’mannst a sengem Prolog däitlech benenne sollt. Wärend dem Montage ass awer méi a méi kloer ginn, dass mer dorop gréisstendeels verzichte konnten. Bal 50 Joer nodeem de Club of Rome mat senger MIT-Étude eng éischte Kéier däitlech gewarnt hat, dass et kee Wuesstem ouni Grenze gëtt, si sech 2019 bannent nëmmen e puer Méint méi Mënsche wéi jee virdru bewosst ginn, dass eis Welt sech an eng Sakgaass manövréiert, aus där mir net méi ouni Weideres eraus kommen. Klimawandel an Aartestierwe sinn d’lescht Joer zu Begrëffer ginn, deene kee sech méi entzéie kann. An Däitschland zum Beispill gesinn aktuell 93% vun der Populatioun Ëmwelt- a Klimaschutz als ganz wichteg oder zimmlech wichteg un.

D’Initiateure vum Film – de CELL an den interkommunale Syndicat vum Kanton Réiden – hate sech fir ENG ÄERD eng „generell positiv a léisungsorientéiert Approche“ gewënscht. Ech selwer gehéieren zu deene Leit, déi op alarmant Messagen an Appeller uspriechen. An engem Interview mam Michael Brüggemann, engem Professer fir Kommunikatiounswëssenschaft vun der Uni Hamburg, hunn ech awer Enn Oktober gelies, dass Umweltsünder en typesch däitsche Begrëff wier, well an Däitschland méi moraliséiert gëtt wéi an anere Länner. An ech hu verstan, dass just e klengen Deel vun der Populatioun sech duerch e schlecht Gewësse beaflosse léisst. Meng Frëndin hat mer virdru schonn op d’mannst zéng Mol gesot, ech soll oppassen, dass de Film de Leit kee schlecht Gewësse mécht, well déi Zäit wou mer brauche fir eis schlecht ze fillen, kënnte mer besser notze fir eppes ze maachen, wat d’Welt virubréngt. Vill „Moralpriedegt“ war zwar zu kengem Moment am Film, mee vun dem Bësschen hu mer kuerz virum Enn vun de Schnëttaarbechten nach eng Kéier d’Hallschent ewechgeholl. Ech mengen, dat war eng gutt Decisioun, déi absolut am Aklang ass, mat dem wat ENG ÄERD vun Ufank u wollt.

Jiddereen deen héieren a gesi wëll, weess haut, wat um Spill steet. Trotzdeem probéiere mer permanent den Eescht vun der Situatioun erofzespillen. Dat ass nëmme mënschlech. Quasi jiddereen deen éierlech mat sech selwer ass weess, dass en trotz allem Wëssen, Gewëssen a gudde Wëllen ëmmer nees schwaach gëtt: wann d’Fléie bëlleg ass, da fält et schwéier sech géint de Fliger ze entscheeden, och wa mer wëssen, dass dee ronn 50 mol méi negativen Impakt op eis Ëmwelt huet wéi den Zuch. Wa mer just eng hallef Stonn Mëttespaus maachen an d’Iessen an der Kantin just 7,50 Euro kascht, da vergiesse mer gär, dass mer dach eigentlech nëmmen nach Hénger iesse wollten, déi e glécklecht Liewen haten… A wann owes déi lescht Mëtschen am Supermarché all a groussen transparente Plastikskëschte verpaakt sinn, da kafe mer se trotzdeem.

Wéi kënne mer dogéint ugoen?

Eng Konferenz vum Mouvement écologique, déi ech Enn Oktober 2018 héieren hunn, huet et op de Punkt bruecht: de Michael Kopatz huet ënnert dem Titel Damit wir tun, was wir für richtig halten erkläert, dass mir och bei allem gudde Wëllen net effikass genuch handelen, wann d’Politik net déi richteg Weiche stellt. Ënnert ville Beispiller déi deen Owend zitéiert goufen, ass mer eent besonnesch hänke bliwwen: an enger UN-Étude ënnert 1 000 Top-Manager aus 100 Länner hunn 80% gesot, dass si sech vun der Politik méi streng Reegele wënschen, déi si (an natierlech och hir Konkurrenten) zwéngen, méi nohalteg ze wirtschaften. Ech mengen et ass genee dat, wat d’Greta an all d’Schüler an och erwuesse Mënschen haut soe wëllen, wa si op d’Strooss ginn: ouni eng staark Politik, déi iwwert kuerzsiichtege wirtschaftlechen Interesse steet, wäert et net méi laang goen. Wa mer ignoréieren, wouran sech 97% vun de Klimafuerscher eens sinn, da steiere mer mat héijer Warscheinlechkeet an ouni valabel Excuse riicht an eng Mauer déi eis schrecklech wéi doe wäert.

Mee eng demokratesch Politik kann net méi leeschten, wéi dat wat de Gros vun eis fir richteg hält. Déi Prämiss ass jo Deel vum Michael Kopatz sengem Saz Damit wir tun, was wir für richtig halten. Fir dass sech eppes ännert, musse vill Leit mam gudde Beispill virgoen. A genee do wollte mir mat ENG ÄERD usetzen. Et ass erstaunlech, wéi vill positiv Initiativen et och hei am Land scho gëtt, Initiativen déi mat vill Energie, awer am Fong mat ganz einfache Mëttele fir eng besser Welt kämpfen. Am Film weise mer der knapp zwanzeg. Et gëtt der schonn op d’mannst duebel esou vill.

Déi Initiativen, déi ENG ÄERD portraitéiert, kënne kleng, onbedeitend oder net wichteg genuch schéngen. Heiansdo wierken se op den éischte Bléck villäicht esouguer e bësschen naiv. Mee all dës Initiativen erfëllen zwou wichteg Funktiounen: éischtens sinn et Projeten an Handlungen op engem relativ niddregen Niveau, Saache wou jiddereen sech erëmfanne kann a wou jidderee matmaache kann. An zweetens weisen se, wat tatsächlech méiglech ass a kënnen esou d’Politik inspiréieren an encouragéieren.

ENG ÄERD ass de Film vun deene Mënschen, déi haut scho vill beweegen an déi anerer matrappe wëllen. Wann d’Leit vun TERRA, Transition, OUNI, der Gemeinwohlökonomie, dem Pedibus, dem Äerdschëff oder dem Beki eis duerch dëse Film e klengt Bësschen ustieche fir matzemaachen oder selwer eng Initiativ op d’Been ze stellen, dann ass hiren Asaz net ëmsoss an da gëtt et Hoffnung, dass mer trotz allem d’Kéier nach kréien.

Den Optrag fir ENG ÄERD war fir mech perséinlech wéi e schéine Kaddo. Ech wees net genee, wou et hierkënnt, mee esouwäit ech zréckdenke kann, war ech ëmmer scho sensibel fir dat wat een Ëmweltschutz – oder haut villäicht éischter Nohaltegkeet – nennt, e Begrëff deen nieft der Ökologie och wirtschaftlech a sozial Aspekter ëmfaasst. Et war mir eng grouss Freed an eng Éier EIS ÄERD realiséieren ze kënnen. Ech hoffen de Film erreecht vill Mënschen an encouragéiert se, fir een oder e puer vun deene klenge Schrëtt ze maachen, mat deenen all Wandel ufänkt.